Sie sind hier

Am Portrait: Stéphanie Goerens

News

Firwat engagéiers du dech an der Politik?

Ech bedeelege mech gären u politeschen Diskussiounen an et mécht mir Spaass, Projeten z’entwéckelen, déi d’Liewe vun de Leit konkret verbesseren. Politik ass eng Passioun vu mir a war duerfir och eent vu menge Studiefächer. Mech an der Politik ze engagéiere war ee logesche Schrëtt, well et mer erméiglecht d’Gesellschaftsliewen an d’Zukunft vun dësem Land aktiv matzegestalten. Wann een eppes bewege wëll, geet et nämlech net duer vun der Säitelinn aus ze kritiséiere, mä et muss ee matzendra sinn an Iddien developpéieren.

De Choix fir mech an der DP z’engagéiere war séier getraff. Ech si sozial-liberal agestallt. Ech gleewen un de Prinzip vun der Demokratie an d’Fräiheet vum Eenzelen. Jidderee soll säi Liewe gestalte kënne, wéi hien et fir richteg hält, ouni datt de Staat sech iwwerall amëscht an onnéideg Virschrëfte mécht. D’Verantwortung fir eist Liewe läit bei eis. D’DP huet dës Valeuren als sozial-liberal Partei nach ëmmer vertrueden. Duerfir koum fir mech ni eng aner Partei wéi d’DP a Fro.

Wat fir eng politesch Sujeten interesséieren dech?

Et ginn eng Partie politesch Sujeten déi mech interesséieren, dorënner d’Aussepolitik, Integratioun, Mobilitéit, Urbanismus, Sport a Kultur. Op Gemengenniveau dinn sech an deene Beräicher interessant Froen op. Wéi integréiere mer eis auslännesch Matbierger am Beschten? Wéi schafe mer genuch a bezuelbare Wunnraum an enger Stad, déi sech konstant weider entwéckelt, ouni de Patrimoine ze beschiedegen an an engem naturfrëndleche Kader? Wéi kënne mer d’Mobilité douce fërderen? Oder wéi kënne mer de Sport- a Kulturberäich nach méi attraktiv gestalten? Dat sinn alles Dossieren, op deenen ech gären aktiv matschaffe géif.

Firwat hues du entscheet an der Stad ze wunnen?

Ech hat schonn ëmmer ee Lien mat der Stad, well mäi Papp hei opgewuess ass a meng Grousselteren nach ëmmer an der Géigend wunnen.

„De Choix fir an der Stad ze wunnen hunn ech och ganz bewosst getraff wéinst der héijer Liewensqualitéit an der kosmopolitescher Gesellschaft.“

Ech sinn no u menger Aarbecht an d’Stad huet gutt Infrastrukturen. Ech ka vun enger grousser Offer u Sport a Kultur profitéieren, an och a Saache Fräizäit huet si vill ze bidden. Ech fille mech immens wuel an der Stad a géif dee Choix ëmmer erëm treffen.