Sie sind hier

Et ass eng lass an der Stad!

News

Eng Stad lieft vun der richteger Mëschung tëschent Wunnen, Schaffen a Fräizäit. Nieft dem Wunnengsbau huet d’Stater Gemeng besonnesch vill doranner investéiert, fir d’Stad nach méi attraktiv fir seng Awunner ze maachen. Eng Virreiderroll spillt d’Stad bei Initiativen, ewéi dem Gratis-Wifi oder innovativen Konzepter, ewéi de „Light Nights“, wou verschidde Gebaier ewéi de Palais oder d’Cité Judiciaire a ganz neiem Liicht erschéngen.

Groussen Erfolleg fir Vide-Grenier

Den DP-Schäffe Patrick Goldschmidt freet sech awer och iwwer de grousse Succès vu weideren Evenementer ewéi de Vide- Grenier: „Ons war et wichteg e Floumaart unzebidden, wou Privatleit kënnen déi Saachen, déi si net méi brauchen un d’Fra oder de Mann bréngen. An Tëschenzäit ass et e richtegt Volleksfest, wou Leit sech begéinen a kenneléieren.

Neien Ausiichtstuerm bei der Gëlle Fra

E weideren Highlight wäert d’nächst Joer mat engem Aussiichtstuerm bei der Gëlle Fra dobäi kommen, vu wou aus een en herrleche Bléck op eis wonnerbar Stad wäert hunn.

De Patrick Goldschmidt betount awer, datt niewent deene ville flotten neie Konzepter, him besonnesch, déi traditionell Manifestatiounen um Häerz leien, ewéi d’Schueberfouer, d’Oktave oder och de Chrëschtmaart.