Sie sind hier

Mat Häerz a Séil fir ons Stad

Gemengewahlen 2017 News

 Unsere Kandidaten für die Gemeindewahlen 2017
 Our candidates for the municipal elections 2017

 Nos candidats pour les élections communales 2017

 

 

 

Ons Kleng si fir ons keng Klengegkeet.

D’Kanner sinn d’Zukunft vun onsem Land! D’DP Stad setzt sech dofir fir eng héichwäerteg Kannerbetreiung och baussent de Schoulzäiten an. Dobäi stinn d’Qualitéit an d’Proximitéit am Virdergrond. D’Zil ass et, d’Kanner net nëmmen ze versuergen, mee si och an hirer perséinlecher Entwécklung  z’ënnerstëtzen an ze stäerken.

Lëtzebuerg kann alles erreechen.
Ze Fouss, mam Bus, Zuch, Tram, Vëlo an Auto.

Fléissende Verkéier ass fir ons eng Prioritéit. Dofir wëll d’DP Stad weider massiv an d’Mobilitéit investéieren. Sief et a Foussgänger- a Vëlosweeër oder a Bus an Tram. Awer och fir den Auto muss de Stadkär weider erreechbar bleiwen. Dofir wäerten zousätzlech Parkplazen an de Parkhaiser an op de P&R entstoen.

Zesumme wunnen an engem Haus.
Zesumme liewen an enger Gemeng.

D’DP Stad wëll weider d’Schaffen an d’Wunne méi no beienee bréngen. Och déi jonk Leit aus der Gemeng sollen d’Méiglechkeet kréien, an hirer Stad wunnen ze bleiwen. Niewent dem Schafe vu Wunnraum sollen och d’Gréngflächen an d’Erhuelungsraim an onser Stad bäibehalen an esouguer weider ausgebaut ginn.

AnhangGröße
PDF icon 20170530_kandidaten_dp_stad.pdf1015.03 KB