Sie sind hier

Neie Skatepark: Jiddereen op d‘Brieder!

News

Op enger Fläch vun 3500 m2 ass am Péitrussdall eng aussergewéinlech nei Plaz fir Kanner, Jugendlecher a jonk Gebliwwener aus der Stad entstaanen. Nieft enger neier Spillplaz ass pünktlech fir d’Summervakanz och den neie Skatepark fir d’Ëffentlechkeet opgaangen. Zënterhier erfreet sech déi nei Attraktioun an der Stad enger immenser Beléiftheet.

Ëmgi vun der aler Festung ass d’Architektur vum Skatepark senger historescher Ëmgéigend an dem Vauban-Stil ugepasst ginn. Esou konnt dat harmonescht Bild vum wonnerschéine Péitrussdall erhalen bleiwen.

Nieft de Rampen offréiert de Park iwwregens och Sëtzméiglechkeete fir ronn 500 Leit an en 148 Meter laangen ëffentleche Fousswee direkt ronderëm de Park.

D’Elementer vum Skatepark goufen an enker Berodung mat de Responsabele vu skatepark.lu geplangt an erlaben et, esouwuel Ufänger wéi och méi erfuerenen Skater, BMX’er a Rollerskater hir Kënscht weiderzeentwéckelen. A schliisslech ass och fir déi néideg Sécherheet gesuergt: mat enger adequater Beliichtung vum ganze Site zu spéideren Auerzäiten.