Sie sind hier

Pafendall: E Quartier réckelt an de Mëttelpunkt

News

Ouni Zweifel, den neie Lift, deen d’Uewerstad mam Pafendall verbënnt, ass e grousse Succès! A ronn 4 Méint ass hien schonns 90.000 Mol erop an erof gefuer, dat sinn 39 Faarten an der Stonn.

Onvergläichlech Vue op d’Ënnerstad

De Pafendaller Lift ass zu engem richtegen Touristemagnéit ginn. An effektiv begéint een ëfters Visiteuren am Lift, déi sech wonneren, datt een näischt fir déi onvergläichlech Vue op d’Ënnerstad an de Kierchbierg bezuele muss. De Lift ass awer doriwwer eraus e wichtegt Verbindungsstéck an de ganzen Uelzechtdall. All Dag profitéiere sëllech Vëlosfuerer a Foussgänger dovunner, fir d’Héichtendifferenz vu 60 Meter bequem mam Lift z’iwwerbrécken.

Revalorisatioun vum Quartier Pafendall

Der DP-Schäffe Simone Beissel ass et besonnesch wichteg, datt de Lift den historesche Quartier Pafendall nei valoriséiert: „De Lift war eng gutt a wichteg Investitioun vun der Gemeng fir d’Pafendaller. Fir d’Awunner heescht et däitlech méi Liewensqualitéit mat engem direkten Accès an d’Uewerstad. Doriwwer eraus fanne vill méi Leit de Wee an de wonnerschéinen Dall, wat d’Stroosse belieft an och dem Geschäftsliewen zegutt kënnt! “ 

Kuerz, e Lift, deen net méi ewechzedenken ass!