Sie sind hier

Proximitéit a Qualitéit: Kannerbetreiung an der Stad

News

Schoulkanner brauchen eng gutt Betreiung, och ausserhalb vun de Schoulzäiten. Dofir investéiert d’Stater Gemeng massiv an nei Schoulfoyeren. Esou konnten am Rollengergronn, um Cents an zu Märel nei Foyeren opgoen. Doriwwer eraus wäerten um Belair an zu Hollerech neier derbäi kommen. Wichteg sinn awer och Investitiounen a scho bestoend Strukturen. 

D’Educatiounsschäffe Colette Mart erkläert awer och, firwat d’Stad op e weidere Rapprochement tëschent Foyer a Schoul setzt: „Wann d’Aktivitéiten an engem eenzege Gebai stattfannen, verbrauche mer manner Terrain, wat an der Stad eng Roll spillt, an et huet och de Virdeel, datt verschidde Raimlechkeeten zesumme genotzt kënne ginn.“ 

Individualitéit a Perséinlech-keet vun de Kanner stäerken!

Dem Colette Mart ass et besonnesch wichteg, datt d’Kanner net nëmme versuergt, mee och aktiv gefërdert ginn: „An de Stater Schoulfoyeren setze mir op e qualitativ héichwäertegt pädagogescht Konzept. D’Zil ass et, all Kand a senger Perséinlechkeet ze stäerken.“ Fir datt d’Kanner sech ouni Zwang kënnen entfalen, sinn eege Raim beispillsweis fir Atelieren an Turne virgesinn, awer och fir ze rouhen oder ze liesen. 

Lëtzebuergesch als Alldagssprooch!

Grad well déi Stater Bevëlkerung esou heterogen ass duerch déi ënnerschiddlech Kulturen an Nationalitéiten, pocht d’Colette Mart op d’Vermëttlung vum Lëtzebuergeschen als Alldagssprooch: „Eis Kanner brauchen eng gemeinsam Sprooch, déi si verbënnt, an dat ass Lëtzebuergesch. Dat erlabt hinnen och besser eens ze ginn am Lëtzebuerger Schoulsystem.“ 

Optimal Raimlechkeeten, eng individuell Fërderung an eng gemeinsam Sprooch: D’Stad Lëtzebuerg setzt d’Kand an de Mëttelpunkt vun der Kannerbetreiung!